Pumptrack-Piste


screenshot_joel_01.jpgGanz nei ab dem Fréijoer 2014 ass eis Pumptrack-Piste mat Spillplaz um Site vun der Schoul Bieles-Post. Si steet prioritär dëser Schoul zur Verfügung, kann awer och vun anere Suessemer Schoule mat genotzt ginn.

Disponibelt Material am Veloskeller: 6 x Dirtbikes, 4 x 20"BMX, 4 x 18"BMX, 6 x Lafrieder, Helmer, Protectiounen a ganz vill Ploschteren a Cool-Packs ...  :).  

Am eegenen Velosatelier kënne kleng Reparaturen direkt duerchgefouert ginn.


Interessant Artikelen zum Thema:

Pumptrack Theorie: Fuertechnik mat Tipps an Tricks

Eisen Track: Vun der Gebuert bis elo!



Aschreiwung


Am Kalenner riets kënnt dir nokucken, wéini d'Pumptrack-Pist scho reservéiert ass. Kuckt w.e.g. als éischt no, ob är gewënschte Plage am Moment nach fräi ass.

Iwwer folgende Formulaire kann dann all Enseignant aus der Gemeng eng Reservéierungs-Ufro un de Joël Wintersdorf schécken. Hie confirméiert iech, ob et effektiv zu deem Zäitpunkt klappt:

Num vum Titulaire: 
Mail-Adress (fir Réckfroen / Confirmatioun): 
Schoulgebai: 
Méiglech Wënsch fir den Zäitpunkt: 
Dieses Formular setzt Google reCAPTCHA voraus. Klicken Sie hier, um Cookies von Google zu akzeptieren.


 Fotogallerien


Kalenner


chevron_left
chevron_right


Enseignante vun der Schoul Bieles-Post kënne sech och direkt selwer am Kalenner androen.